27 Jan 2015

Bei “Come à la maison” ësst ee wéi doheem!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Iesse wéi doheem… dat ass wat Iech bei “Come à la maison”, wéi den Numm et jo seet, erwaart. Italienesch Spezialitéiten an enger Ambiance, déi zu Lëtzebuerg hiresgläiche sicht. Wann Der de Wee duerch d’Hale vun der fréierer Garage (“Am Garage”, vis-à-vis vun der BIL) fonnt hutt, da fillt Der Iech beim Morgane Daulard an hirer Famill wéi doheem.

Dat Ganzt awer net an der heemeleger Stuff, mee an engem loftähnleche Kader mat industriellem Charme. Op der Plaz kënnt Der iessen, fäerdeg Plate mathuelen oder och un der Kéis- resp. Fleeschtéik eraussichen. Sonndes invitéiert “Come à la Maison” op de Brunch (12 bis 16 Auer) an dënschdes erwaart Iech um 8 Auer owes “La table de Gianfranco” (onbedéngt reservéieren).

Loosst do den Dag bei engem leckeren Iessen auskléngen. Dir kritt hei iwwregens och Nuddelen ouni Gluten a geschwënn och speziell Produite fir Allergiker.

Good Idea : Dëst innovatiivt Konzept sollt Dir onbedéngt testen! Am Haus gëtt et och eng Epicerie fine mat italienesche Spezialitéiten: Nuddelen, Ueleger, Schockela, …

Come à la maison


70, route d‘Esch
L-1470 Luxembourg

 +352 621 199 217

 comealamaison.lu@gmail.com
 
 Méindes a denschdes vun 11.45 bis 18.30 Auer. Mëttwochs bis samschdes vun 11.45 bis 22 Auer. Epicerie a Traiteur: méindes bis samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer. Sonndes vun 12 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché