„De Kuerbuttek“ proposéiert nëmme Wueren déi d’Kritere vun der Nohaltegkeet respektéieren: Uebst a Geméis aus biologeschem Ubau aus der Saison, regional Liewensmëttel wéi agemaachtent Geméis, Gebees, affinéierten Esseg an Ueleg oder Wueren aus dem traditionnellen Handwierk wéi Käerzen, Seef an aner kleng Dekoratiounsartikelen deelweis aus eegener Produktioun.
„De Kuerbuttek“ proposéiert och kleng och Degustatiounen an d’Méiglechkeet op Ufro Akeef Heem ze liwweren. Méi wéi eng normal Epicerie, organiséiert „De Kuerbuttek“ Sensibiliséierungsaktiounen an Kachatelieren oder Visiten bei de Produzenten.
De CIGL Pétange ass eng Asbl déi sech fir lokal nohalteg Entwécklung asetzt mat Projeten déi d’Verbesserung vun der Liewenqualitéit vun de Bierger, de sozialen Zesummenhalt an d’Schafung vun neien Aarbechtsplazen ënnerstëtzen.







Denschdes bis samschdes vun 9.00 bis 12.00 Auer a vun 14.00 bis 17.00 Auer. Méindes ass zou. 



