04 May 2015

Déi kulinaresch Ambassade vun den Dänen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Frësch Mieresloft, wäisse Sand, héich Dünen a gréng Wisen… Kommen do Erënnerungen op un déi lescht Vakanz an Dänemark? Fir all déi, déi nom Norde verlaangeren an déi, déi op der Sich sinn no besonnesche kulinareschen Erfarungen, gëtt et zanter kuerzem „Danish Deli“.

Smørrebrød, Zaloten, Sandwichen an eng kleng Wiel vu Fësch- a Fleeschmenüen – eng apaart Ofwiesslung fir d’Mëttespaus. Am Danish Deli kann ee sech awer och no Feierowend op e Patt treffen oder samschdes op e Brunch. Am Buttek fannt Der eng Rëtsch dänesch Produiten ewéi Wurschtspezialitéiten aus Skagen, gereecherte Saumon vun der Insel Fanø, Kéis, Séissegkeeten a Béier. Ergänzt gëtt dat Ganzt duerch Brout a Gebäck.

Gitt einfach era kucken an déi kulinaresch Ambassade vun den Dänen an der Stad!

Good Idea : Brunch samschdes (10 bis 15 Auer) a sonndes (11 bis 15 Auer)!
Eng Rei dänesch Produite kënnt Der iwwregens och am Webshop vun Danish Deli bestellen

Danish Deli


3, rue Beck
L-1222 Luxembourg

 +352 26 20 17 36
 +352 27 85 85 96

 info@danishdeli.lu
 
 Méindes bis freides vun 8 bis 19 Auer. Samschdes vun 10 bis 19 Auer. Sonndes vun 11 bis 16 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Inspecteur Milou: 2013-08-01 15:55:28
    Cadre sympa, accueil sympathique, le saumon est excellent (mais bizarre de le mélanger avec des fraises ?). Carte simple, mais au moins on hésite pas 15 ans ! A mon avis le brunch doit être sympa ....
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché