31 Jul 2015

Dem Marylou säi bretonesche Kuch

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Marylou ass ech richteg Bretonin. Dat weist si och voller Stolz, well op hirem Maartstand um Knuedler an der Stad ass de bretonesche Fändel net ze iwwersinn. Wie si op hirem Stand besicht, kënnt séier mat hir an d’Gespréich… iwwer Concarneau, do wou si gebuer ass, iwwer de Fëscherberuff vun hirem Papp an iwwert d’Bretagne mat hire kulinaresche Besonneschheeten.

E puer Highlights vun dëse Spezialitéite fannt Dir um Marylou sengem Maartstand. Villes produzéiert si selwer. Zum Beispill de berüümte bretonesche Kuch, also den “Gâteau breton”, gëtt et mat oder ouni Uebstfëllung. D'”Palets bretons”, eng Zort Kichelcher, gëtt et ënner anerem och als Variant ouni Gluten. Vill vum Gebakene gëtt ganz typesch mat Salzbotter hiergestallt, well et besser schmaacht, wéi d’Marylou eis erkläert. Och Karamell gëtt mat Salzbotter hiergestallt … dat schmaacht no der Bretagne! Puurt Salz gëtt et natierlech och: Dat berüümt “Sel de Guérande” kritt Dir a verschiddene Varianten, ë.a.reng oder graff, grad wéi dat vun Hand recoltéiert Fleur de sel.

Déi berüümt Konserve mat Fëschspezialitéite kritt d’Marylou vun engem vun de leschte Familljebetriber an der Bretagne, der ” Compagnie bretonne du poisson” mat Sëtz am Hafe vu Saint Guénolé. Vum Thon am kalgepressten Olivenueleg, iwwer d’Makréil (fënnef verschidden Zorten, ë.a. a Moschterzooss an a Muscadet) bis hin zu de Sardinnen (als Filet oder am Ganzen) huet si vill Fëschproduiten unzebidden. Fir ofzeschléissen huele mir nach eent vun de ville selwergemaachte Gebeesser mat. Frësch Friichten, wéineg Zocker, intensive Goût:D’Marylou weess, wéi een seng Clienten iwwerzeegt!

Good Idea : Vill typesch bretonesch Produiten op engem Stand! Eisen Tipp: Konserve mat Fëschspezialitéiten an de selwergemaachtene bretonesche Kuch!

Bretonesch Produiten um Wochemaart


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 Mëttwochs bis samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché