27 Sep 2016

Den Hierscht ass Zäit fir Rout Rommelen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann et dobausse lues a lues méi kal a méi faarwg gëtt, bréngt och eist Geméis vum Mount Faarf op den Teller: Rout Rommelen! Déi Ribbenzort ass voll mat Stoffer, déi den Immunsystem stäerken an eis gesond duerch déi kal Joreszäit bréngen. Vun Oktober u kritt een déi regional Recolte op de Lëtzebuerger Wochemäert ze kafen.

Do huet een eis och eent vun de ville Rezepter verroden, zu deenen sech Rout Rommele verschaffe loossen. De Geméisexpert Claude Kirsch recommandéiert eng Rout-Rommelszalot. Déi mécht sech bal wéi vum selwen!

  • Rout Rommele schielen
  • déi propper Rommelen am Dampfgarer dënsten
  • ofkille loossen an a kleng Stécker schneiden
  • eng Ënn kleng schneiden an dobäi ginn
  • mat Esseg a Peffer wierzen

 

Kommt dach einfach mol um Wochemaaart laanscht! Do fannt Der nieft rout Rommelen nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Rout Rommelen hale sech méi laang, wann Dir se geschielt an enger Plastiksschossel mat engem Deckel kill conservéiert. Sou halen se sech bis zu 10 Deeg.
Rout Rommele vun heiheem gëtt et vun Oktober bis an de Wanter eran.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 Mëttwochs bis samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché