16 Mar 2016

Direkt genéissen um Bauerenhaff

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Vun Zäit zu Zäit lount et sech, déi stresseg Haaptverkéiersachse vum Land ze verloossen an dat idyllescht Lëtzebuerg kennenzeléieren. Zu Lelleg, engem klengen Duerf am Oste vu Lëtzebuerg, besiche mer d’Marianne an de Fränk Clemens op hirem schmocke Bauerenhaff. Hei liewe méi Déiere wéi Lelleg Awunner huet: Mëllechkéi, Mammekéi mat Kaalwer, Stéieren, Geessen, Schof, Schwäin an Hénger.

De Fränk mécht eng schwéier Dier op, e wierzegen Damp klëmmt an d’Nues. Am däischtere Raum ënnert dem pechschwaarze Plafong kann een sech d’Ëmrësser vu villen Hame virstellen, geschwë fäerdeg, fir verkaf ze ginn. Si goufe  virdrun an enger Gewierzmëschung gepökelt, eng Prozedur, déi de Fränk schonn als Kand bei sengem Papp kennegeléiert huet.  Zënter Ufank 2016 bitt d’Famill Clemens als Produite vum Haff Fleesch, Wurscht, Ham a Mëllech an hirem neien “Buttek um Haff”, un.

Well d’Marianne an de Fränk sech zesumme mat hirem Jong Georges op der Plaz ëm dee gesamte Prozess këmmeren, vum Ziichte vun de Béischte bis op d’Vermaartung vun de Fleeschwueren, kritt Dir als Client sécher, ökologesch wäertvoll an héichqualitativ Produiten. Am Summer grasen d’Ranner, d’Kéi an d’Kaalwer iwwregens op 38 Hektar Biodiversitéitswisen. De Wanter verbréngen d’Déieren an oppene Lafställ mat Stréi a gi mat Fudder vum Haff gefiddert.

Am “Buttek um Haff” sollt Dir onbedéngt déi réi an déi gekachten Ham probéieren. D’Marianne huet am léifsten d’Träipen, e weideren Traditiounsproduit. Nieft Fleesch a Wurscht kritt Der um Haff awer och ë.a. Cider, Hunneg, Gebeess, Miel, Kéis a Wäin. Wéi Dir gesitt, lauter gutt Grënn fir en Ausfluch op d’Land!

Good Idea : Vill Produite kritt Dir an haushaltsüübleche Quantitéite kichefäerdeg preparéiert. Méi grouss Quantitéite ginn op Commande virbereet.
De ganze Prozess vun der Zuucht bis bei d'Vermaartung geschitt  mat engem grousse Respekt vis-à-vis  vun den Déieren (optimal Bedingungen, fir se ze halen, Fudder vum Haff, etc.).
Ranner a Kaalwer ginn no de Reglementer vum Label "Produit du Terroire " (Garantie fir Origine a Qualitéit) geziicht. D'Schwéngshaltung entsprécht de Critèrë vun der Lëtzebuerger "Marque nationale".

Buttek um Haff


4, Burwee
L-6839 Lellig

 +352 691 343 604
 +352 71 92 03

 info@buttek-umhaff.lu
 
 Freides vun 14 bis 18 Auer. Samschdes vun 10 bis 16 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché