28 Jan 2016

E Kuerf voll mat leckerem Gréngs

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Frëscht Geméis aus  dem Gaart? Dat kléngt gutt, bleift awer fir vill Leit just en Dram. Anescht beim Sandrine … d’Franséisin lieft zesumme mat hirem Mann op engem Bauerenhaff zu Mënsbech. A well hire “Gaart” mat véier Hektar e bësse méi grouss wéi en normale Geméisgaart ass, baut d’Sandrine zënter 2012 Geméis an Uebst un, fir et ze verkafen.

Déi geléiert Landschaftsgäertnerin war virdru bei Co-labor beschäftegt a kennt sech mat der Produktioun vun (biologeschen ) Liewesmëtttel aus. Hir geet et drëm, hire Clienten ze hëllefen sech bewosst ze ernären – saisonal, lokal, biologesch. D’Produiten, déi si ubitt sinn dofir och ënnerschiddlech markéiert, sou dass ee weess, ob et Bio ass oder net resp. aus der eegener Produktioun oder net. Nieft Uebst a Geméis gëtt et beim Sandrine och Mëllech vun der Mark “D’fair Mëllech”, Eeër, Hunneg, selwer gemaachtent Gebeess an e puer aner lokal Produiten.

Dënschdes a freides kënnt Dir beim Sandrine wéi um Wochemaart akafen. Donneschdes kritt Dir vum Sandrine de Kuerf … an deem Fall souguer gefëllt mat leckerem Gréngs. An den “Paniers”, also de Kierf, sinn ëmmer Saisonsproduiten, déi d’Sandrine fir Iech eraussicht. Et vertrauen elo scho ronn 160 Clienten op dem Sandrine säi Choix; si kommen d’Kierf op de Bauerenhaff oder op Zéisseng (26, rue de Cessange; 1320 Luxembourg) sichen. Liwwerunge sinn am Prinzip och méiglech. Als Client kann een ëmmer nees nei Produiten entdecken a gläichzäiteg hëllefen, dass um Enn vun der Woch kee Geméis op der Mëscht lant.

Good Idea : Loscht op eppes Neies an der Kichen? Vertraut dem Sandrine sengem Choix!
Dat gesamt Geschäftskonzept berout op lokaler an deelweis och certifiéierter biologescher Produktioun.
Déi meescht Produite stame vum eegenen Haff zu Mënsbech.

Les paniers de Sandrine


266, rue principale
L-5366 Munsbach

 +352 691 300 901

 info@lespaniersdesandrine.lu
 
 Denschdes a freides vun 15 bis 19 Auer. Donneschdes vun 8 bis 20 Auer (nemmen fir Kierf).
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché