04 Sep 2015

Eng “Epicerie”, wou een sech wuelfillt!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et gouf scho mol eng Zäit, an där kleng Liewensmëttelgeschäfter an den Dierfer a Quartieren net nëmmen do waren, fir Liewensmëttel ze kafen, mee och Treffpunkt vum Quartier waren. “Eis Epicerie Zolwer” zu Zolwer féiert dës Traditioun weider: familiär Atmosphär, lokal Produiten, nohaltegt Verbraucherkonzept an ausserdeem nach als Cooperative geréiert.

Jidderee kann nämlech Associé vun “Eis Epicerie” ginn an esou dës innovativ Geschäftsiddi fërderen, déi hirersäits Projete fir d’Reintegratioun vu Laangzäitchômeuren oder d’Aarbecht vu Behënnertenatelieren ënnerstëtzt. Déi beliwweren z.B. de Buttek mat Gebeess, Schockela, Brout, Eeër a Kichelcher. Vill aner Produite kommen och aus Lëtzebuerg, wéi Kéis an aner Mëllechproduiten, Béier (Dir fannt hei bal all d’Lëtzebuerger Zorten!) an (Bio-)Wäiner. Enger Cooperatioun mat de Gäert vun “CoLabor” ass et ze verdanken, dass d’Geméis nëmmen 3 Kilometer bis an d’Regaler muss zeréckleeën.

Zënter dem Start vun “Eis Epicerie” am Juni 2015 goufe scho ronn 2000 Produiten an d’Sortiment opgeholl. Laangfristegt Zil ass et awer, eng komplett Versuergung garantéieren ze kënnen. Zousätzlech zur grousser Offer u Liewensmëttel gëtt et iwwregens och en Eck mat Nonfood-Produiten, wéi vun “Mamie&Moi“, Weltladen an Button Quilters, ausserdeem e klenge Bistro an e Spill- a Bichereck (och fir ze tauschen). Kommt mol laanscht , Dir wäert Iech wuelfillen!

Good Idea : Am Bistro gi Plat-du-jouren ugebueden, déi nëmme mat Produiten aus "Eis Epicerie" preparéiert ginn. Ze recommandéieren ass och de selwergebakene Kuch!
Spuert d'Verpackung a fëllt Iech Räis, Schmull, Nëss, Müsli &Co am Buttek  genau of.
Dëst Geschäft huet vill Produiten aus Lëtzebuerger Produktioun.

Eis Epicerie Zolwer


2, rue du Knapp
L-4465 Soleuvre

 +352 26 59 44 23

 eisepicerie@sanem.lu
 
 Méindes bis freides vun 7.30 bis 19 Auer. Samschdes vun 8 bis 14 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché