07 Aug 2014

Frësch aus dem Gaart op den Teller: D’Boune sinn zeideg!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Scho virun 8.000 Joer war d’Boun eng Kulturplanz, a si war fréier och aus kengem Gaart ewechzedenken. Nach haut ginn déi verschiddenst Zorten och zu Lëtzebuerg ugebaut. D’Boune brauchen eng héich Buedemtemperatur, fir ze kéngen. An elo, am Héichsummer, ginn se iwwerall dobaussen esou lues zeideg.

Um Lëtzebuerger Maart kënnt Dir verschidden Zorte frësch vum Feld kafen. Fréier si Bounen dacks agekacht ginn, haut gi se éischter déifgefruer. Opgepasst: D’Boune virdrun net (!) blanchéieren, dat seet de President vum „Lëtzebuerger Maartverband“ Niki Kirsch, well domat zerstéiert ee wäertvoll Mineralstoffer a Vitaminnen.

Boune sollten net réi giess ginn, ma ëmmer gekacht, a do ginn et vill Méiglechkeeten: mat Gréiwen an Ënnen an der Pan gedréit, oder a Kombinatioun mat Tomaten. Gekachte Boune schmaachen och gutt als Bounenzalot.

Gudden Appetit!

Kommt dach mol op eisem Wochemaart laanscht! Do fannt Der nieft de Bounen och nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Wann et dobausse gutt waarm ass, huet een dacks genuch mat enger Zalot: eng Bounenzalot oder eng gréng Zalot sinn do genee dat Richtegt.
De Summer ass d’Saison vun de Bounen: Si ginn zu Lëtzebuerg am Fräie gepléckt.

Lëtzebuerger Maarteverband


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs a samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché