05 Aug 2014

Gesond iessen an enger familiärer Atmosphär

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dat koum op deem waarme Summerdag grad richteg: en erfrëschenden, bio-vegetaresche Menü ënnert engem Sonneprabbeli … liichten a gesonde Kascht, dee vum Goût hier iwwerzeegt! D’Rezept fir d’Gedrénks vum Dag huet d’Proprietärin vum Amapura, d’Pitou Antoni, aus dem Oman matbruecht: Eng spannend Mëschung aus Peffermënz, Limonen, Gingembre a Basilik.

“Amapura” ass eng Kombinatioun aus Buttek a Restaurant. Wann d’Wieder schlecht ass, ësst een a ganz familiärer Atmoshär un engem groussen Dësch a kann der Amapura-Equipe nokucken, wéi se d’Iessen an d’Gedrénks preparéieren. Zerwéiert kritt Dir vill Platen ouni Gluten oder Laktos, ausserdeem vill Cruditéiten. $

Eng Partie Produiten, déi an der Kiche vun Amapura verschafft ginn, kann een och am Buttek kafen. Dorënner och méi ausgefale Saache wéi z.B. schwaarze Sesam. Dir fannt hei awer och Bicher zu den Theme Gesondheet a Kichen, ausserdeem och eng grouss Auswiel un äthereschen Ueleger (virun allem aus Lëtzebuerg a Korsika).

Good Idea : Amapura bitt verschidde Kach-a Kosmetikcoursen un.
Probéiert emol déi grouss Offer u bio-vegetaresche Platen, déi ausserdeem zu 90% vegan sinn.
Et gëtt sou wäit wéi méiglech der Saison no a mat lokale Produite gekacht!

Amapura


43, rue Goethe
L-1637 Luxembourg

 +352 26 48 06 60
 +352 27 12 54 49

 amapura@pt.lu
 
 Mëttwochs bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 4 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché