12 Aug 2015

Gréngt Blat a faarwege Still: Mangold

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Eist Geméis vum Mount trëtt vill méi faarweg op, wéi een et kéint mengen, well déi grouss gréng Blieder vum Mangold wuesse mol u wäissen, orangen, bloelzegen, gréngen oder och roude Stiller. Verwäerte kann een alles. Beim Stillmangold läit de Fokus (wéi den Numm et scho seet) op de Stiller, beim Blatmangold huet een däitlech méi eng grouss Partie Blat.

Haalt Är Aen op, wann Der Geméis kaaft: De Mangold vun hei ass meeschtens e gutt Stéck méi grouss wéi deen, deen aus Italien importéiert gëtt. “Dat läit un de klimatesche Conditiounen”, erkläert de Claude Kirsch vum Lëtzebuerger Maarteverband. Dës Planz huet virun allem vill Vitamin K, wichteg fir d’Coagulatioun vum Blutt a fir d’Bildung vun de Schanken.

A wéi verschafft ee Mangold an der Kichen? Well als Zalot just déi kleng a jonk Planze gëeegent sinn, recommandéiert de Claude Kirsch en als klassescht Geméis ze zerwéieren:

  • d’Stiller botzen an an 1-2 cm breet Scheiwe schneiden
  • eng Ënn an engem Dëppe mat Ueleg undënsten
  • d’Stiller doran ongeféier 20 Min. goe loossen, awer net mëll kachen
  • dann d’Blieder (am Ganzen oder graff zerklengert) kuerz drop leeën; si ginn duerch d’Reschthëtzt séier mëll
  • wéinst sengem doucen eegene Goût passt de Mangold als Bäilag bei déi verschiddenst Platen

 

Kommt dach einfach mol um Wochemaaart laanscht! Do fannt Der nieft Mangold nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Probéiert Mangold als klassescht Geméis!
Zu Lëtzebuerg gëtt de Mangold vun Enn Mee bis an den Hierscht era recoltéiert.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs bis samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché