27 Aug 2015

Kulinaresches aus Griichenland

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wäiss ugestrachen Haiser mat bloen Diecher op klengen Insele mat azurbloem Waasser ronderëm … dat ass Griichenland, wéi een et aus der Vakanz kennt – a wéi de Christos et gär huet. Dee jonke Griich huet viru Kuerzem säi Geschäft “Pandemos Agora” an der Stad opgemaach. Den aussergewéinlechen Design vum Buttek erënnert un dat ugangs beschriwwent Bild.

An de geschwongene Regaler sti bal nëmme griichesch Top-Produiten. De Christos weist eis e puer Highlights, wéi z.B. den Olivenueleg vun der Mark “The Governor”. Den Ueleg gëtt aus Olive vu Korfu produzéiert an zielt zu de gesondsten Ueleger vun der Welt. E weideren Olivenueleg kënnt Dir a Vasen aus Toun kafen, déi deene gläichen, déi scho virun Dausende vu Joren den Athlete vun den Olympesche Spiller fir den Transport vun Ueleg gedéngt hunn.

Och griichesche Wäin däerf natierlech net feelen. De Christos bitt Wäin aus ale Riefzorten un , déi a Griichenland am Moment eng Renaissance erliewen. Dozou zielen den Assyrtiko (wäisse Wäi vu Santorini) an den Agiorgitiko (roude Wäi vu Peloponnes). Eng laang Traditioun huet och dat sougenanntent Läffelsgebeess, e Gebeess mat groussen Uebststécker, dat ee bei “Pandemos agora” vun der Mark “Spoon Sweet” kritt. Dat bitt een de Gäscht als Séissegkeet, fir mam Läffel ze iessen, un, et kann een et awer och einfach sou iessen -z.B. mat Naturjughurt- en Dram. Probéiere sollt Dir och d’Produiten aus dem Frëschrayon. Am bekanntsten ass wuel d’Moussaka.

Net fir ze iessen, mee genau sou remarquabel sinn d’Kierperfleegproduiten an d’Kosmetika vun der griichescher Mark “philab”. Wien et nach gär méi nobel hätt, kann op déi däitsch Mark “Julisis” zeréckgräifen. An dësen High-End-Produite sinn Edelmetaller wéi Gold a Sëlwer verschafft.

Good Idea : Hei gëtt et vill aussergewéinlech Kaddosiddien. Eise Coup de coeur ass den 80prozentegen Thymianhunneg vun "The Family Beez", fir deen et optional op der Hand gemaachten hëlze Coffrete gëtt, déi de lokale Beiestäck gläichen.
Vill Produite si bio-certifiéiert.

Pandemos Agora


28, rue Notre Dame
L-2240 Luxembourg

 +352 26 20 23 69
 +352 26 20 23 69

 anatoli@email.lu
 Méindes bis freides vun 10 bis 18 Auer. Samschdes vun 10 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché