15 Jan 2015

Leet dach mol Äre Moschterkär bäi

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wie Lëtzebuerger Moschtert (“Moutarde de Luxembourg”) op den Dësch stellt, zerwéiert en Deel Lëtzebuerger Iesstraditioun. Schonn zënter 1922 produzéiert d’Moutarderie vu Lëtzebuerg dës lokal Spezialitéit.

De Betrib vun der Famill Munhowen stellt am Joer ronn 270 Tonne Lëtzebuerger Moschtert hier. Et gëtt en a véier Zorten: mëttelschaarf, mëttelschaarf BIO, schaarf an à l’ancienne, no traditioneller Method. De Moschtert besteet aus dräi verschiddene Moschterkärzorten an ass vum Goût hier deene meeschte Lëtzebuerger Spezializéiten ugepasst.

Sidd Dir elo och op de Goût komm? D’Produiten aus der Moutarderie de Luxembourg kritt Der bal an alle Liewensmëttelgeschäfter a Supermarchéen am Land.

Good Idea : Moschtert gëtt ville Plate e besonnesche Goût. Grad ewéi d'Mayonnaise: Dräi verschidden Zorte ginn an der Moutarderie produzéiert.
De Bio-Moschtert gëtt ënnert dem Label "BIO" commercialiséiert. D'Moschterkäre stamen ausschliisslech aus engem Ubaugebitt an der Géigend vu Wëlwerwoltz. Iwwregens sinn all d'Moschterzorten ouni Gluten, fir Allergiker gëeegent a gutt géint de Cholesterin.
D'Produiten aus der Moutarderie de Luxembourg sinn 100% "Made in Luxembourg". 2015 kommen zwou nei Zosen derbäi: Ketchup an Andalouse.

Moutarderie de Luxembourg


21a, rue Gabriel Lippmann
L-5365 Munsbach

 +352 26 29 03 1
 +352 26 29 03 330

 info@moutarderie.lu
 
 Produite sinn disponibel an Epicerien a Supermarchéen zu Lëtzebuerg.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché