26 Mar 2015

„Les épiceries du Luxembourg“: E schéine Bonjour vun der'”Tante Emma”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Alima, Pall Center, Shopping Center Massen a Food2go sinn esou eppes wéi déi modern “Tante Emma”-Buttecker zu Lëtzebuerg. Proximitéitsbuttecker, déi vun hire Proprietairë geréiert ginn. A well een zesumme bekanntlech méi staark ass, schaffen dës Betriber elo schonn zanter e puer Joer ënnert dem Label “Incom” (steet fir “Intérêts communs”) zesummen.

Neierdéngs presentéieren se sech ënnert dem neie Label “Les épiceries du Luxembourg”. Beim Wuert “Épicerie” denkt een natierlech direkt un de klenge Buttek an der Noperschaft, do, wou d'”Tante Emma” nach perséinlech hannert der Téik stoung a genee wousst, wat hir Clientë gär hunn – well op déi Traditioun ass ee bei “Les épiceries du Luxembourg” ganz houfreg.

D’Expertë vum gudde Goût sinn sech eens: Op den Dësch komme virun allem Produiten aus der Regioun, Bio a Fair Trade. Op Qualitéit gëtt vill Wäert geluecht, souwuel bei de Produite wéi beim Service. Op der neier Internetsäit fannt Dir Informatiounen zu de Produiten, de Geschäfter, an natierlech vill Rezepter! Gudden Appetit!

Good Idea : An der neier  Brochure fir d'Clienten, déi reeegelméisseg erauskënnt, gi Producteuren aus der Regioun virgestallt an ausserdeem kritt Dir vill Rezeptiddien.
Op lokalen Handel gëtt bei de Betriber vun "Les épiceries du Luxembourg" vill Wäert geluecht.

Les épiceries du Luxembourg




 +352 25 45 12 45

 info@epiceries.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché