02 May 2015

Linosa’s Kitchen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Quartier Belair fann Dir d’Epicerie “Linosas’s Kitchen”, déi Iech héichqualitativ Liewensmëttel wéi Charcuterie, Kéis, Nuddelen, Zoossen a Séissegkeeten, ma och verschidden Olivenueleger a Wäin bitt. All Dag ginn hei Platen no traditionelle Rezepter gekacht. Déi richteg Wäiner gi selbstverständlech och mat ugebueden.

An der Famill Linosa hirer Kiche sti Wëssen, Passioun a gastronomescht Kënnen un éischter Plaz. De verstuerwenen Här Linosa huet d’„Association de l’Ordre du Lys de la Gastronomie Européenne“ gegrënnt a war Präsident vum „Groupe européen de la Commanderie des Cordons bleus de France“. Mat “Linosa’s Kitchen” wëll seng Duechter Mariaegle un hire Papp erënneren an och duerfir suergen, datt seng vill Rezepter a säi grousst Wëssen net verluer ginn.

Good Idea : D’Plate ginn an Zesummenaarbecht mat de beschte Kichecheffe vum Land.

Linosa's Kitchen


28, rue Albert 1er
L-1117 Luxembourg

 +352 44 70 01

 mlinosa@pt.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 11.00 bis 19.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché