06 juli 2012

Mamma Bianca Gourmet

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dës nei Adress um Lampertsbierg sollte Gourmete sech mierken! An der Allée Scheffer ass de “Mamma Bianca Gourmet” opgaangen. An engem hellen, vum Liicht dominéierten Ambiente kritt Dir edel Feinkost a Plate fir d’Mëttespaus – alles mat italieneschem Touch, well de Mamma Bianca gëtt vum lëtzebuergesche Spëtzekach Renato Favaro gefouert.

Am Feinkost-Rayon kritt Dir Ueleger, Gewierzer, Fleeschwueren a villes méi. „To go“ ginn Iech ënner anerem Nuddelen, Zaloten an delikat Sandwicher ugebueden. De „Mamma Bianca Gourmet“ huet dernieft déi gréisste Wiel un „Mariage Frères“-Téizorten am Land.

Good Idea : Entdeckt a genéisst beim Stärekach Renato Favaro.

Mamma Bianca Gourmet


21-25, allée Scheffer
2520 Luxembourg

 +352 26 20 61 1
 +352 26 20 61 70

 gourmet@mammabianca.lu
 
 Méindes bis donneschdes vun 9.00 bis 18.30 Auer, freides a samschdes vun 8.00 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

Sicht Äre Shopping-Dag zu Lëtzebuerg eraus!
AGENDA Mobilitéit

Besicht de Grand-Duché www.ont.lu