23 Feb 2015

Mat Familljenuschloss: akafen an iesse wéi an Italien

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

“D’Mamma ass déi beschte Kächin”, do ass de Flavio sech sécher. Et ass hallwer 11 moies; d’Angela, seng Mamm, huet grad hiren Tour duerch hir Epicerie gemaach a gekuckt, wat si alles fir de Mëttesmenü brauch. Lo geschwë ginn an der oppener Kichen ë.a. typesch italienesch Nuddelplate preparéiert wéi Cannelloni a Lasagne. Den “Atelier del Gusto” zu Bouneweg verkeeft nämlech net nëmmen italienesch Liewesmëttel, mee ass och e Restaurant – a mécht domat sengem Numm all Éier.

Zäit fir e staarken Espresso! Bistrosstill, kleng Dëscher mat Plastiksnappen… sou kommen d’Erënnerungen un déi lescht Vakanz an Italien erëm – net stylesch, mee häerzlech! Dem Flavio seng Famill wunnt iwwregens zënter fënnef Joer zu Lëtzebuerg a staamt ursprénglech aus der italienescher Regioun Apulien (Puglia), dem “Tallek vum Stiwwel”. Villes, wat Dir am Atelier del Gusto fannt, kënnt aus där Regioun: Nuddelen, Gebeess, Kichelcher …

De Buttek huet och eng Charcuteries- a Kéistéik. Highlighte sinn: Mozzarella a Burrata grad wéi déi hausgemaachten Tëntefëschzalot! “Eise Mozzarella liwwere mer well a vill Restauranten an Epicerien am Land”, seet de Flavio ganz houfreg. Sou schmaacht Europa zu Lëtzebuerg!

Good Idea : E Sonndegmëtteg wéi an Italien: Den Dësch steet voll mat Spezialitéiten, et gëtt am Familljen- a Frëndeskrees giess. Genéisst och Dir déi italienesch Traditioun! Wiertes kritt Dir hei e Plat du jour fir 8,50 Euro.

Atelier del Gusto


26, rue Demy Schlechter
L-2521 Luxembourg

 +352 26 48 12 16
 +352 28 37 14 19

 atelierdelgusto@pt.lu
 
 Buttek: denschdes bis samschdes vun 9.30 bis 23 Auer. Kichen: denschdes bis samschdes vun 12 bis 14.30 Auer a vun 18 bis 22.30 Auer. Sonndes von 12 bis 16 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché