05 Oct 2015

Mikro-Närstoffer fir Är Beschtform!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir sidd moies midd a séier erschöpft? E puer Grënn dofir leien op der Hand, wéi z.B. schlechte Schlof. Mee hutt Der scho mol dru geduecht, eng Bluttanalys ze maachen, fir ze kucken, ob Iech eventuell Närstoffer feelen?

“Euro Nutri Santé” ënnerstëtzt Iech mat enger grousser Palett un Narungsergänzungsmëttel, mat deenen Dir um Niveau vun de Mikro-Närstoffer nees beschtens versuergt sidd. Eisen- oder Calciummangel kënne sou z.B. ausgeglach ginn.Gesondheetlech Problemer loossen sech léisen, Krankheete kënnen evitéiert ginn. Hei roden Iech Experte vun Euro Nutri Santé awer op jidde Fall, Iech virdru vun engem Dokter ënnersichen ze loossen. Mat entspriechenden Indikatioune léisst sech dann eng Akafslëscht zesummestellen.

Nieft dësen Narungsergänzungsmëttel bitt Iech d’Geschäft awer och nach vill aner Produiten, déi Iech bei Regimer ënnerstëtzen (z.B. Proteinproduiten), Narungsmëttel ouni Gluten, grad wéi Produiten ouni Laktos an ouni Mëllechproteinen.

Good Idea : D'Experte vun Euro Nutri Santé wësse Bescheed: Weist hinnen einfach d'Analys vun Ärem Dokter an Dir kritt gehollef.
Dir kënnt Är Produiten och am Onlineshop vun Euro Nutri Santé bestellen. D'Liwwerung ass vu  60 €uro Akafswäert u gratis.

Euro Nutri Santé


14, rue de la Libération
L-3510 Dudelange

 +352 26 56 02 36
 +352 26 56 02 37

 euronutrisante@gmail.com
 
 Méindes bis freides vun 9 bis 13 Auer a vun 14 bis 18 Auer. Samschdes vun 10 bis 12 a vun 14 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché