29 Oct 2015

“Monop” mat neiem Konzept

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hei géift d'”Tante Emma” wuel am léifste selwer akafe kommen: Den neie Monop’ um Lampertsbierg huet eng grouss Offer, ganz nom Prinzip vun deene laang Zäit sou berühmten “Tante-Emma-Läden”, also klenge Quartiersepicerien. Anescht wéi am Monoprix, deen 2014 am Garer Quartier seng Dieren opgemaach huet, bitt de Monop’ e reduzéierte Choix u Produiten, deen awer op de klengen, séieren a prakteschen Akaf zougeschnidden ass.

Verschidden Iesssaache ginn et am Self-service, z.B. fir d’Mëttespaus, Traiteur, Gedrénks, frësch Produiten, Hygiènesartikelen, allerdéngs kee Gezei oder Änleches. Dir kënnt iwwregens och op der Plaz iessen, an engem Restaurantberäich, deen extra dofir virgesinn ass. Frëscht Brout kritt Dir och de ganzen Dag iwwer, et gëtt op der Plaz gebak. Loscht op eng krupseg Baguette? Hei kritt Der se!

Good Idea : Hei fannt Dir alles, wat Dir braucht, no bäi an engem sympathesche Kader!
An dësem  Geschäft kritt Dir vill Wuere vu lokale Fournisseuren.

Monop’


8, avenue Pasteur
L-1333 Luxembourg

 +352 28 26 86 20
 +352 28 26 86 30

 Méindes bis donneschdes vun 7 bis 20 Auer. Freides bis 21 Auer, samschdes bis 19 Auer a sonndes vun 8 bis 13 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché