07 Feb 2017

Näischt fir an d’Dreckskëscht: Shoppen ouni Offall

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et gouf se mol, déi Zäiten ouni Plastikswahn beim Akafen. Wann d’Grousseltere fréier an d’Epicerie um Eck gaange sinn, krute se vill Wueren ouni Verpackung ugebueden. D’Iddi vun OUNI ass also net nei, mee hautdesdaags dach zimlech innovativ. OUNI oder ausgeschriwwen „organic unpackaged natural ingredients“, steet fir nohaltege Konsum, deen d’Ëmwelt soll schounen.

Dës Cooperative gouf vu fënnef Damme gegrënnt an huet mëttlerweil 600 Memberen, dovun 200 aktiver. Mindestasaz sinn eng Aktie an zwou Stonnen Aarbecht pro Mount. Zënter Dezember 2016 huet dës kleng Bio-Epicerie elo seng Dieren op a bitt Iech e villfältegt Sortiment, dorënner z.B. dréche Friichten, Geméis, Uebst, Müsli, Téi, Kaffisbounen – alles onverpaakt.

Fir Flësseges gëtt et speziell Statiounen, wou een z.B. Ueleg, Esseg, Wäin oder Jus  jee no Besoin kann offëllen. Mëllech a Jughurt gëtt et an erëm verwäertbare Verpackungen. Net fir ze iessen an awer net verpaakt am Verkaf sinn divers Botzmëttel, Seefen, Shampoing etc. (ë.a. vun der Mark Lamazuna).

A well akafe jo och ëmmer eng gutt Geleeënheet ass, mat Leit an d ‘Gespréich ze kommen, kënnt Dir Iech bei OUNI gär Plaz huelen a gemittlech e gutt Stéck Taart (aus dem Bio-Restaurant Casa Fabiana) mat engem Téi oder engem Kaffi genéissen… ier Dir Iech da mat engem Bio-Brout ënnert dem Aarm op den Heemwee maacht.

Good Idea : Vergiesst net, d'Behälter fir Är Akeef matzebréngen. Dir kritt awer wann néideg och op der Plaz gehollef.
Ganz innovativ: Hei gouf dem Verpackungswahn de Kampf ugesot!
Bei OUNI kritt Dir Brout vum Lëtzebuerger Bäcker a Kuch aus der Casa Fabiana.

OUNI


55, rue Glesener
L-1631 Luxembourg

 +352 20 60 68 64

 hello@ouni.lu
 
 Méindes bis freides vun 10 bis 20 Auer. Samschdes vun 10 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché