31 Mar 2014

Närstoffräicht Geméis am Trend : “Pourpier”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hutt Dir Iech scho mol gefrot, vu wou dat Geméis, dat Dir Woch fir Woch kaaft, hierkënnt? Oder ob grad “Saison” ass? Mir géifen Iech gär an enger Serie vun Artikelen all Mount nei Tuyaue ginn, wat Geméis ubelaangt: saisonorientéiert a lokal ugebaut a vermaart. Bei der Auswiel hëlleft eis den Niki Kirsch zesumme mat sengem Jong, dem Claude. Hie seet vu sech: “Geméis ass mäi Liewen.”

Hie produzéiert selwer Geméis an engagéiert sech am Maarteverband – enger Lëtzebuerger Vereenegung, déi all Woch Frëschmäert am ganze Land organiséiert. Héijen Usproch u Qualitéit, attraktiv Presentatioun vun de Wueren an e gudde Service sinn d’Markenzeeche vun dëse Mäert.

A wat recommandéiert den Niki Kirsch am Moment? ” Pourpier “, dat sinn eenzel déckfleescheg a grasgréng Blieder mat engem laange Still, déi vum Goût hier u Kress erënneren. Et enthält vill Mineralien, déi de Kierper an der Wantersaison besonnesch brauch. Vun Allerhellege bis Mëtt Abrëll ass Pourpier um Wochemaart ze kréien. A wat mécht een domat?

Den Niki recommandéiert en an enger Zalot ze verschaffen, optesch ganz attraktiv a voller Närstoffer, z.B. gemëscht mat Mauséiercherszalot, roudem Sauerampfer an/oder Ruccola.

De Claude schléit eng Zopp vir:

  • eng kleng geschnidden Ënn a Botter an Ueleg ubroden
  • Pourpier (fir 4 Persounen ongeféier 350 gr.) am Ganze wäschen an dobäi ginn, mat enger Gromper
  • mat Waasser iwwerdecken an 20 Minutte kache loossen
  • püréieren, wierzen an nach eng Kéier opkache loossen … fäerdeg.

 

Kommt dach einfach mol um Wochemaaart laanscht! Do fannt Der nieft Pourpier nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Eng nees operstane Geméiszort, lokal ugebaut a voll mat wäertvolle Mineralien!
Dëst aalt an haut éischter onbekannt Geméis kann een och an onse Breedegrader an der kaler Joreszäit mat wéineg Energie produzéieren.
Pourpier get lokal ugebaut a vermaart!

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs a samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché