03 Jul 2016

Nei Grompere mat faarwegem Geméis

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Loosst Iech näischt virmaachen! Nei Gromperen erkennt een dorun, dass hir Haut sou zaart ass, dass een se net mol schiele muss – Mat enger Biischt ofreiwe geet duer a scho léist sech d’Schuel vum selwen! Wann déi éischt Grompere vum Joer hei am Land am Juni op den Dësch kommen, brauch een net vill, fir domat eng optimal Experienz fir de Goût ze maachen.

De Geméisbauer Claude Kirsch vum Lëtzebuerger “Maarteverband” recommandéiert, einfach an der Pan e bësse Botter mat Péiterséileg zergoen ze loossen. Dat Ganzt gëtt een dann iwwer d’Gromperen, déi ee virdrun 20 bis 25 Minutten am Salzwaasser gekacht huet. Fäerdeg! Dobäi passt ganz gutt Kallefsragout oder -fir Vegetarier- Choufleur. Well d’A jo bekanntlech matësst, recommandéiere mir e faarwege Choufleurs-Mix; am Fréijoer kritt ee jo direkt véier Varianten: vum klassesche Wäiss iwwer Orange a Mof bis Gréng. Och d’Intensitéit vum Goût geet an där faarflecher Reiefolleg erop.

Nach en Tipp vum Expert: De mofe Choufleur sollt een ëmmer an engem separaten Dëppe kachen, well e fierft of! A wie scho mol schlecht Erfarunge mat faarweger Wäsch an der Wäschmaschinn gemaach huet, dee weess, dass Mof mat Gréng an Orange als Resultat Gro ergëtt.…

Kommt dach einfach mol um Wochemaaart laanscht! Do fannt Der nieft Pourpier nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Wann een ze vill gekacht huet, kann een deen aneren Dag mat de Reschter e wonnerbare Gratin zauberen.
Nei Grompere gin lokal ugebaut a vermaart!

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 nathalie.muller@clc.lu
 Mëttwochs a samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché