20 Jul 2015

Neie Star um Geméishimmel: Grénge Kabes

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Grénge Kabes am Summer? Jo! Et gëtt nei Zorten, déi och ouni Frascht als deliciéist Geméis benotzt kënne ginn. Ënner anerem dank dësen Zorten erlieft de grénge Kabes ënnert sengem US-amerikaneschen Numm “Kale” am Moment e richtege Boom. De Claude Kirsch vum Lëtzbuerger Maarteverband weess firwat: “Vill Leit huelen de grénge Kabes fir Smoothien oder Jus ze maachen, mol gemëscht (mat Ananas an Äppel), mol pur.”

Beléift ass e wéinst dem héijen Undeel u Ballaststoffer an senger entgëftender Wierkung. Den neie Star um Geméis-Himmel ass eigentlech eng ural Geméiszort, eng Ursprungsform vum Kabes. An ofgesi vu senger Verwäertung a Smoothië gëtt en och bei traditionelle Platen zerwéiert. De Claude Kirsch recommandéiert déi Lëtzebuerger Variant:

  • de grénge Kabes botzen a graff kleng schneiden
  • eng Ënn oder Schalott wierfelen
  • Speck wierfelen
  • de Speck an d’Ënn an engem Dëppe mat Ueleg undënsten, dann de grénge Kabes dobäi ginn
  • e bësse goe loossen, de grénge Kabes soll awer net ganz mëll gekacht ginn
  • passt gutt bei Fierkelshämche mat gekachte Gromperen

 

Kommt dach einfach mol um Wochemaaart laanscht! Do fannt Der nieft grénge Kabes nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Huelt de grénge Kabes fir Smoothien oder Jus ze maachen!
Grénge Kabes gëtt et elo och am Summer zu Lëtzebuerg! Déi nei Zorte kënnen och ouni Frascht als deliciéist Geméis benotzt ginn.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs bis samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché