13 Apr 2015

Net nëmme fir Hiesercher: Bettseechech!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Geméis vum Mount Abrëll huet eng ganz Partie Nimm wéi zum Beispill Kettestack, Pissblumm, Bettseechech oder Pissenlit! Tëscht Ufank Mäerz an Enn Abrëll spréisst et aus dem Buedem an ier et blitt, kann een et als lecker Zalot verwäerten.

De Gaardenexpert Claude Kirsch recommandéiert dofir eng einfach Vinaigrette aus Esseg, Ueleg, Peffer, Salz an Ënnen. D’Kombinatioun aus Hambieresseg an neutralem Ueleg (keen Olivenueleg, deen ass ze intensiv am Goût!) entfaalt e ganz speziellen Aroma. Dann nach einfach e gekachtent Ee, gebrodene Speck an e puer Broutkiischtercher dobäi maachen a fäerdeg ass Är Bettseechechzalot.

Wie mengt, mat dëser “liichter” Variant den Dag net ze packen, dee kann nach a puer Grompere fir déi extra Portioun Energie dobäi ginn: dräi bis véier Grompere püréieren an ënnert d’Vinaigrette mëschen – sou hunn et deemools schonn déi Lëtzebuerger Bauere gemaach!

A wou fannt Der d’Bettseechech? Ma zum Beispill um Wochemaart an der Stad! Do ginn et och nach vill weider Maart-Good Ideas ze entdecken. All d’Datume fir de Maart fannt Dir an eiser Agenda.

Good Idea : Ongeféier Mëtt Abrëll entwéckelen sech an de Wuerzele schonn d'Bléieknäpp. Soulaang d'Knäpp nach zou sinn, kënnt Dir se am Botter broden an iwwer d'Zalot streeën. Dat gëtt deem Ganzen en nëssege Goût.
Bettseechech spréisst och zu Lëtzebuerg aus dem Buedem.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs a samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché