13 Aug 2012

Paul Epicier Traiteur

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Paul Epicier Traiteur ass Liewensmëttelbuttek, Traiteur mat Partyservice a klenge Restaurant an engem. Dir fannt d’Geschäft an der sympathescher Philippsgaass an der Stad. Wat frësch Produiten, Uebst a Geméis betrëfft, sou gehéiert Paul Epicier Traiteur an der Tëschenzäit zu de beschten Adressen an der Stad.

Entdeckt en Traiteursgeschäft aus dem 21. Joerhonnert, wou net nëmme verkaaft, ma och gekacht an zerwéiert gëtt. Dir hutt d’Wiel tëscht méi wéi 40 Zaloten an 30 Zoppen, aneren häerzhafte Schneekereien an Desserten. A Saache gudde Goût ass Paul eng Referenz.

Dir kënnt Äre Mëttesplat iwwregens och per Internet bestellen an am Online-Shop och gläich Är aner Kommissiounen erleedegen.

Good Idea : Paul Epicier Traiteur bitt och en „Lunch“-Liwwerservice un. Kommt einfach am Online-Shop laanscht!

Paul Epicier Traiteur


36, rue Philippe II
L-2340 Luxembourg

 +352 22 71 04
 +352 26 26 25 40

 eliopaul@pt.lu
 
 Méindes bis freides vun 7.30 bis 18.30 Auer, samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché