23 Aug 2015

Portugisesch Top-Produiten an engem nobele Kader

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wie schonn eemol a Portugal iwwer Land gefuer ass a bei engem vun deene schéinen ale Wéngerten eng Paus gemaach huet, wäert e bei “Boni Mores” nees spieren, dee feudalen Hauch: däischtert Holz, Lüsteren, e stengene Buedem, e frëndlechen Accueil an edel Wäiner an deelweis antikem Mobilier.

An deem neien Delikatessegeschäft zu Dummeldeng bidden Tiago Coelho, Ricardo Chaves an António Marques Iech portugisesch Top-Produiten un. An éischter Linn sinn dat Wäiner: rouden a wäisse Wäin aus de Regiounen Douro, Dão, Setúbal an Alentejo, Mousseuxen an natierlech Madère, Porto (vun der Mark “Castello d’Alba”) a Moscatel. Och an der Offer: Gebeess an Hunneg, Fëschkonserven (haaptsächlech Thon), ganz traditionell a Pabeier agepaakt, Olivenueleg an Téi. Den Téi ass eng Raritéit, well e staamt vun den Azoren an ass deen eenzegen Téi, deen an Europa produzéiert gëtt.

Un der klenger Fëschtéik kritt Dir z.B. Pata Negra-Produiten a verschidde Kéiszorten. Falls Dir nach ni a Portugal waart, da kéint Är Visite bei Boni Mores den Ufank vun enger ausgepräägter Passioun fir dat südeuropëscht Land sinn.

Good Idea : Am Kader vu Wäindegustatiounen (fir eenzel Persounen oder Gruppen) kënnt Dir net nëmmen déi excellent portugisesch Wäiner kenne léieren, mee niewebäi och vill iwwer portugisesch Kultur gewuer ginn.
Am Sortiment fannt Dir ë.a. zwee Bio-Wäiner, Bio-Téi a Bio-Thon.

Boni Mores


4, route d’Echternach
L-1453 Luxembourg

 +352 26 00 89 93
 +352 26 43 27 71

 contact@bonimores.lu
 
 Méindes vun 14 bis 18.30 Auer. Denschdes bis samschdes vun 10 bis 12.30 a vun 14 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché