13 Oct 2014

Rezepter an Ingrediente frësch aus der Këscht

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir géift Iech gär gesond ernären an equilibréiert kachen, hutt awer weder Zäit nach Gedold, fir Iech Rezepter ze iwwerleeën an anzekafen? Da sollt Der mol bei Avocado.lu eraluussen. Do kënnt Der online Këschten (Boxen) bestellen, an deenen net nëmme spannend Rezepter, mee direkt och nach déi passend Zutaten dra sinn.

Dir kënnt Iech also ganz op dat konzentréieren, wat wuel am meeschte Spaass mécht, nämlech: kache wéi op der Tëlee, well alles ass schonn ofgewien, an degustéiere wéi am Restaurant, well d’Qualitéit vun den Zutaten ass éischtklassesch.

Bei der Auswiel vun de Këschte ginn et iwwregens och vegan a vegetaresch Këschte grad ewéi där mat Produiten ouni Gluten a Koumëllech. Vill Spaass beim Kachen a Genéissen!

Good Idea : Ganz praktesch: Wann Der op de Goût komm sidd, kënnt Dir Iech op d'Këschten abonnéieren.
Bio a regional Originne (souwäit wéi méiglech) si selbstverständlech bei Avocado.lu. Op de Këschten, an deene geliwwert gëtt, ass Vidange.
Är Këscht bestellt Der spéitstens 7 Deeg virun der Ausliwwerung online. Momentan liwwert Avocado.lu eemol d'Woch (mëttwochs) gratis am ganze Land.
Avocado.lu schafft bal nëmme mat lokale Fournisseuren a Producteuren.

Avocado.lu




 +352 45 29 65 1

 moien@avocado.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché