19 Feb 2016

Sabor Latino

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Brasilianesche Wäin, bolivianesche Béier, gedréchent Chilischoten a gedréchent Gromperen aus dem Peru … déi Produiten, déi ee soss nëmmen op laange Reesen duerch Südamerika kenne léiere kann, déi gëtt et zu Lëtzebuerg bei “Sabor Latino” ze kafen. Ganz ausgefalen: eng Fäerdegmëschung, fir en (staarken) mexikanesche Schnaps hierzestellen.

Kuerz gesot: Dëse klenge Buttek ass, wat d’Ariichtung an d’Sortiment ubelaangt, sou faarweg wéi dat südamerikanescht Liewen. D’Lucia Aquino ass selwer Peruanerin a versuergt mat hirer Offer d’Latino-Communautéit hei zu Lëtzebuerg, mee och ëmmer méi Lëtzebuerger a Clienten aus der Groussregioun.

Wie südamerikanesch Plate preparéiert an Erënnerungen un d’Vakanz opkomme wëllt loossen, oder wien einfach nëmme virwëtzeg ass, fënnt bestëmmt säi Gléck bei “Sabor Latino”. Et gëtt iwwregens och eng kleng Auswiel u Konschthandwierk.

Good Idea : Am Kader vun Degustatioune gi verschidde Kaffiszorten an op Wonsch peruanesch Spezialitéiten ugebueden.

Sabor Latino


21, rue Frantz Seimetz
L-2531 Luxembourg

 +352 661 144 216

 contact@saborlatino.lu
 
 Mëttwochs vun 16.30 bis 19 Auer. Samschdes vun 11 bis 15 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • anita: 2013-11-25 10:52:16
    Quelle bonne nouvelle! Nous devrions plus aller à Paris ou Bruxelles pour trouver des produits péruviens.
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché