16 Feb 2016

Schlemmen ass eng Spezialitéit vu Peporté

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Excellent regional Produiten, no beim Client, en opmierksame Service a modern, zäitgeméiss Raimlechkeeten: Bei “Peporté Maître Boucher” fillt een sech als Client direkt wuel! Wat virun iwwer 80 Joer als klassesch Metzlerei ugefaang huet, ass haut e moderne Familljebetrib mat allerlee innovative Produiten. Bei “Peporté Maître Boucher”  ass Metzlerei, Brasserie a Partyservice alles ënner engem Daach.

D’Patricia Peporté, déi d’Geschäft zesumme mat hirem Mann Patrick leet, ass eng absoulut Expertin a Saache gutt Iessen. Wéi hire Clienten erzielt se och eis vun de Virdeeler vum lokale Rënd-, Kallef- a Schwéngefleesch (“Produits du terroir”): Kuerz Weeër, streng Kontrollen, méi Zäit fir d’Déieren ze ziichten an d’Fleesch ze verschaffen- sou kommen Top-Produiten op den Teller. Nieft lokale Produite kritt ee bei Peporté fir speziell Occasioune wéi Chrëschtdag och z.B. Volaille de Bresse (d’Rolls Royce ënnert de franséische Gefligelzorten, erkläert eis d’Patricia) a Saumon. Am Summer bréngen d’Grillproduite vu Peporté kulinaresche Schwong op de Barbecue.

Dank dem Patricia sengen italieneschen Originne fannt Dir am Epiceriesrayon och divers artisanal Nuddelproduiten. De Patrick Peporté ass fir de Choix  vum Wäin zoustänneg an huet och do eng kleng awer reng  Auswiel zesummegestallt.

Zu Bascharage kënnt Dir d’Qualitéitsproduite vu Peporté op der Plaz genéissen. An der fréierer Maison-mère vu Peporté fannt  Dir zu Esch/Uelzecht (34-36, rue de la Libération) e weidere Standuert.

Good Idea : Iwwerloosst de kulinaresche Succès vun Äre Fester an Evenementer dem Profi: D'Patricia an de Patrick Peporté këmmeren sech net nëmmen am Virfeld ëm Är Wënsch, mee sinn och während der Feier op der Plaz!
Hei kritt Dir Rënd-, Kallef- a Schwéngefleesch aus Lëtzebuerg an Top-Qualitéit!

Peporté Maître Boucher


4, ZA Op Zaemer
L-4959 Bascharage

 +352 54 23 62
 +352 53 21 28

 boucherie.peporte@pt.lu
 
 Méindes vun 8 bis 17 Auer. Denschdes bis freides vun 8 bis 18 Auer. Samschdes vun 8 bis 12 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché