02 Jul 2015

Skandinavien am Regal … an um Teller!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Alles huet viru ville Jore mat norwegeschem Lachs ugefaang. Deen huet de Kjll Skauland op Lëtzebuerg importéiert. Beim Saumon sollt et awer net bleiwen… Haut féiert de Kjell schonn iwwer 20 Joer den “Scanshop”. Den Numm ass Programm: e Geschäft mat Produiten aus Dänemark, Schweden, Norwegen, Finnland an Island.

Wéi mir op Besuch waren, huet dobaussen den Dannebrog (den dänesche Nationalfändel) geflattert, well an Dänemark war Nationalfeierdag. Als Mëttessnack gouf et am klenge Restaurant vum Scanshop dofir fir eis en original Dansk Hotdog an e Rugbrød (däischtert Roggebrout) mat gesalzenem Fleesch. D’Brout a vill aner Spezialitéiten aus Dänemark kann een natierlech och fir Doheem kafen. Aus Schweden fënnt een am Sortiment z.B. Knäckebrout a groussen Tranchen, natierlech vill Gebeess, Molbiersjus (vun der Mark Ekström) an de bekannte Västerboten Kéis.

Finnland kann ee kulinaresch dank dem Reissumies (Brout) an der Rendéierzoossiss entdecken. Typesch norwegesch ass natierlech de Saumon (am Summer nëmmen déifgefruer ze kréien), Geitost (Kéis) an déi berühmte Linn Aquavit. Wäit gereest sinn de Schockela vu Rykjavik a gedréchenten islännesche Fësch.

E Besuch lount sech iwwregens och an den Nonfood-Rayon vum Scanshop: ë.a. mat Designproduiten aus Dänemark a Finnland (Menu, Georg Jensen, Marimekko …) an Accessoirë fir d’Sauna. Am November an Dezember gëtt an deem Beräich e grousse Chrëschtmaart organiséiert. Skandinavien fir sech wuelzefillen! Do kéint een dach direkt d’Wallisse paken…

Good Idea : Mat de Produite vum Scanshop komme Souvenire u Vakanzen a Skandinavien op. Ze recommandéieren ass och eng Mëttespaus bei nordesche Spezialitéiten, net deier a super gutt!

ScanShop


615, rue de Neudorf
L-2220 Luxembourg

 +352 42 30 63
 +352 42 87 97

 scanshop@pt.lu
 
 Méindes bis freides vun 11 bis 18 Auer. Samschdes vun 10 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché