11 Sep 2014

Vun Tomate-cerisë bis bei d'”Coeur -de-boeuf” … elo ass Tomatenzäit!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass bal net ze gleewen, mee och fir d’Tomate gëtt et eng Saison. Am August a September kënne se hei am Land ouni groussen Opwand ugebaut ginn a schmaache besonnesch gutt!

“Am Supermarché kritt een zwar d’ganzt Joer iwwer Tomaten, mee mat deenen, déi Dir am Moment um Maart fannt, hunn déi wéineg ze dinn, dovun ass den Niki Kirsch vum Lëtzebuerger Maarteverband iwwerzeegt.

Méi wéi 10 Zorte kënnt Dir elo kafen: Tomate-cerisen, giel (éischter méi séisselzeg) Tomaten, Tomate fir Zalot (mat ganz wéineg Waassergehalt), schwaarz gesträiften Tomaten, “Coeur de boeuf” … Am beschten, Dir sot, fir wat Der se braucht, an d’Experten um Maart weisen Iech déi passend Zort. Zum Beispill eng Tomatenzort, déi speziell fir Tomatenzooss gutt ass, well se eng dënn Schuel huet …

Hei ass d’Rezept fir eng Tomatenzooss à la Niki Kirsch:

Wat dra kënnt (fir ronn 2 Liter Zooss):

  • 2 kg Tomaten
  • 1 Ënn
  • 1 klengen Zelleri a Branchen
  • 3 Muerten
  • Salz a Peffer
  • Botter
  • Knuewelek

 

Wéi se gemaach gëtt:

  • D’Tomate wäschen an a kleng Stécker schneiden. De Stronk erausschneiden.
  • Den Zelleri an d’Muerten och botzen an a kleng Stécker schneiden.
  • Alles bei klenger Flam 2-3 Stonne goe loossen. Dobäi ëfters dra réieren, fir dass et net ubrennt.
  • Wann alles mëll ass, kuerz mam Mixer (virsiichteg) püréieren.
  • Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  • De Knuewelek nëmmen derbäiginn, wann d’Zooss frësch zerwéiert gëtt.
  • De Rescht kann een afréieren oder akachen (ouni Knuewelek!)

 

Gudden Appetit!

Kommt dach mol op eisem Wochemaart laanscht! Do fannt Der nieft de Tomate och nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Hei gëtt et d'Rezept: Kacht eng gutt Tomatenzooss à la Niki Kirsch mat Ingrediente vun heiheem!
D'Tomat huet naass Féiss, awer keng naass Blieder gär, dofir wiisst d'Geméis zu Lëtzebuerg och ënnerdaach an et brauch een et net géint Krankheeten ze sprëtzen.
Dat super Aroma vun den Tomate vun hei ass keen Zoufall: D'Planze wuessen a richtegem Buedem an net- wéi haut leider dacks de Fall - op Kokosfasermatten a mat Zousaznährstoffer.

Frischmärkte


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs a samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché