08 Jul 2015

Wéi eng kleng Rees op d’britesch Inselen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Philippe nennt sech selwer en “Mischling”: Seng Mamm ass Belsch, säi Papp Brit. “Typesch Lëtzebuergesch eben”, mengt hie selwer. Säi Geschäft, dat seng Mamm viru ville Joren hei am Land gegrënnt huet, ass dogéint typesch britesch, et heescht dofir jo och “Little Britain”.

Op den éischte Bléck ass et en “normalen ” Supermarché, sou wéi een se bestëmmt zu Honnerten op de briteschen Insele fënnt, – mat typesche Kichelcher, Schockela, Digestifen, Wurscht, Speck, briteschem Cider, Téi … Net fir näischt ass de Buttek e richtegen Treffpunkt vun der britescher Communautéit zu Lëtzebuerg. Fir all déi aner Clienten huet et awer och dat gewëssent Extra, eng Exotik, déi d’Akafen do zu enger klenger, spannender Shoppingrees mécht.

Am “Tearoom” trëfft en sech natierlech fir den Téi, mee och scho moies fir de klasseschen English Breakfast (mat Eeër, Bacon, Champignonen, Gromperen, Kaffi a klenge Kuchen) a mëttes fir eng Klengegkeet wéi z.B. Burgeren an Zaloten (iwwregens ass freides Fish&Chips-Dag). Direkt donieft fënnt een eng relativ grouss Surface mat britescher Literatur, Sachbicher, Zäitschrëften asw.! Supermarché, Restaurant, Bicherbuttek – hei erlieft Dir britesch Kultur live a faarweg!

Nach e klengen Tipp, fir de Wee ze fannen: Vill Navigatiounssystemer féieren net op déi richteg Plaz. Wann Der vun der Autobunn erofsidd, fuert Richtung Capellen riichtaus duerch de Kreesverkéier an do fannt Der d’Geschäft direkt hannert der Renaultsgarage op der lénkser Säit.

Good Idea : Maacht  e klengen Ausfluch op déi britesch Inselen: Bei "Little Britain" kritt Dir britesch Produiten, lecker Klengegkeete fir z'iessen an engleschsproocheg Literatur, alles ënnert engem Daach.

Little Britain


1c, Route d’Arlon
L-8310 Capellen

 +352 26 31 08 56
 +352 26 31 08 76

 info@littlebritain.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 9 bis 18 Auer. Sonndes vun 9 bis 14 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché