01 Dec 2014

Woch fir Woch de Menü vun der Natur entdecken

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wollt Dir och schonn ëmmer mol Uebst a Geméis am eegene Gaart ubauen, quasi als eegene Bio-Label mat der Garantie, dass et frësch ass? Mee wat maachen, wann engem entweder de Gaart oder d’Zäit feelen, oder de gréngen Daum?

Dann heescht d’Léisung: Terra Coop! Anescht gesot: Gitt Member vun der AMAP (Association pour le Maintien d’une Agriculture Paysanne)! Als Member bezuelt Dir am Ufank vum Joer e Bäitrag an da kënnt Der Iech all Woch mat engem Kuerf voll Uebst, Geméis a Kraider iwwerrasche loossen.

D’Equipe vun Terra Coop bitt Iech um Eecherfeld (10 Minutte vun der Stad ewech) eng Auswiel u Produite vu der Saison un … Mat Sécherheet eng Geleeënheet am Wiessel vun de Joreszäiten och manner bekannte Produiten aus der Regioun kennenzeléieren! Terra leet vill Wäert op Wëssensvermëttlung ronderëm d’Thema Akerbau. Am Kader vu Seminären, Atelieren a Fester kënne Gläichgesënnter sech austauschen.

Good Idea : Ernäert Iech am Rhythmus vun der Natur a loosst Iech all Woch vum Inhalt vun Ärem Kuerf iwwerraschen!
All d'Produite stamen aus biologeschem Ubau a gi lokal verkaaft; Transportweeër an Emisssiounen sinn esou op e Minimum reduzéiert.
All d'Produite stamen aus lokalem Ubau a gi lokal verkaaft.

Terra Coop


Rue Eicherfeld
L-1462 Luxembourg

 +352 621 683 509

 info@terra-coop.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché