08 Apr 2013

Caféen a Kaffikultur

vun Good Idea | Kommentéieren

„Mir ginn eng Taass Kaffi drénken …“ Wou soss kann ee sech d’Zäit esou wonnerbar verdreiwen, matzen am Do eng Paus aleeën a Frënn treffen wéi an engem Café? Wann dann d’Kaffispezialitéiten och nach vu Meeschterhand zoubereet ginn an een nach e Stéck Kuch oder eng aner Glëtterei derbäi ka kréien, da feelt dach net méi vill zum klenge Gléck!

Bleift d’Fro, wou ee sech nidderléisst … Mir präsentéieren Iech no dësem Artikel eng kleng Auswiel vun eise Good Ideas! A wann Der Äre Kaffi léiwer doheem genéisst, da fannt Der an de Supermarchéen am Land eng grouss Auswiel un internationale Marken.

Iwwregens gëtt och zu Lëtzebuerg Kaffi geréischtert: zum Beispill bei „Mondo del Caffè“ zu Iechternach an an der „Maison Santos“ an der Stad. Déi lëtzebuergesch Kaffisréischterei Bruno huet – nieft hire Clienten aus der Gastronomie – och nach 13 Bruno Coffee Shops uechter d’Land.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Marie-Laure: 2013-04-10 10:06:25
    Bonjour Milouthilde,
    Nous sommes ravis que cette adresse vous inspire! N'hésitez pas à nous laisser un autre commentaire dès lors que vous aurez testé une de ces adresses.
    A bientot sur goodidea.lu!
  • Milouthilde: 2013-04-09 12:23:45
    Excellente idée d'article ! Je suis toujours à la recherche d'un bon café, fait comme ma Gd Mère ...... (Grand mère sait faire un bon café .....)
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché