29 Jul 2015

Eng Glace, wann ech gelift!

vun Good Idea | Kommentéieren

Keng Fro, et ass Glacësaison! Lo stellt een sech nees d’Fro: am Cornet oder am Dëppchen, Vanill oder Schockela? Gourmeten, an déi, déi nach eng kleng Ofkillung brauchen, hu Rendez-vous am Glacëbuttek! Zu Lëtzebuerg gëtt et vill Méiglechkeeten, eng gutt Glace ze genéissen. Mir hunn Iech hei eng kleng Auswiel vu Plazen zesummegestallt, déi op eiser Facebooksäit vun eise Fans wäermstens recommandéiert ginn.

Net wäit vun der Paräisser Plaz am Garer Quartier an der Stad sollt Dir onbedéngt bei “Bargello” laanschtgoen. De Schockelassorbet ass net nëmmen immens gutt, mee huet och net vill Kalorien. Eng Glace an der Uewerstad genéissen, dat kënnt Dir am “Eiscafé Veneziano“. Bei der schéiner Plëss geleeën, ass de Veneziano mat Sécherheet dee kreatiivste Glacëbuttek zu Lëtzebuerg a bitt Zorten un, déi Dir garantéiert nach ni am Cornet oder am Dëppchen hat. Och ganz uewen an der Gonscht vun de Glacenamateure steet d'”Bonomeria” bei der Place de France am Belairer-Märeler Quartier: Den Andrea ass de Meeschter vun de Friichtesorbeten a seng Gelateria ass e beléiften Treffpunkt am Quartier.

D’Glacen aus der Bonomeria kritt Dir iwwregens och am Restaurant “Come à la maison“, op der Escher Strooss, wou Dir se als Dessert zerwéiert kritt, mee och am Cornet oder am Dëppche mathuele kënnt. Am Süde vu Lëtzebuerg kënnt Dir Iech beim Shoppen zu Esch/Uelzecht eng kleng Paus an der “Gelateria Dolce Gusto” gënnen. Do kritt Dir an engem familiäre Kader Glacen a Crêpen ugebueden. Am Belval Plaza Shopping Center net wäit vun Esch recommandéieren d’Facebookfans vu Good Idea den “Fred’s”: Glacë wéi z.B. Cookie Crunch a Belsch Waffele sinn hei ganz beléift.

Mir kommen nees méi no bei d’Stad… Wann Dir déi nächste Kéier an d’City Concorde shoppe gitt, sollt Dir onbedéngt an der “Gelateria Franky” eng kleng Halt maachen. Do kritt Dir hausgemaachte Saisons-Sorbeten zerwéiert. An der Galerie Commerciale vum Auchan um Kierchbierg ass eng Mark vertrueden, déi Glacëfrënn op der ganzer Welt begeeschtert: “Häagen Dasz”. Eemol probéiert, ëmmer gär giess! Méi am Norde vu Lëtzebuerg begeeschtert d'”Gelateria Dolomiti” zu Ettelbréck d’Glacenamateuren an d’Fans vu Good Idea. Huelt Iech Plaz op der Terrass a genéisst déi urban Ambiance ronderëm bei enger leckerer Glace.

Hutt Dir nach eng aner Glacen-Good Idea? Deelt eis se mat: Direkt hei oder per Mail un contact@goodidea.lu!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché