10 Sep 2015

Et gëtt Zäit … fir Lëtzebuerger Wäiner!

vun Good Idea | Kommentéieren

Wann de Summer Äddi seet an d’Deeg méi kuerz ginn, fänkt d’Wäilies un. Laanscht d’Musel gi Joer fir Joer op nëmmen 42 Kilometer Längt tëscht Schengen a Waasserbëlleg d’Drauwe fir Spëtzewäiner gelies.

D’Auswiel ass grouss: Spruddeleg Crémanten, elegant Rieslingen, blummeg Pinot-Blancen a Pinot-Grisen, exotesch Gewürztraminer, dofteg Rivaner a kräfteg Pinot-Noiren, ausserdeem déi regional Spezialitéiten Elbling an Auxerrois wéi och d’Spéitliesen (d’Vendange-tardiven), Äis- a Stréiwäiner, déi besonnesch gutt bei d’Desserte passen. Alles an allem also eng grouss Varietéit u Goûten, déi et wuel nëmmen zu Lëtzebuerg op sou klengem Raum ze erliewe gëtt.

Dräi Gruppe vu Producteure bestëmmen déi Lëtzebuerger Wäiproduktioun: “Les Domaines de Vinsmoselle”, déi aus sechs Wënzergenosseschafte besteet, zu deene 450 Drauwefournisseure gehéieren. Donieft gëtt et déi onofhängeg Wënzer mat 52 Betriber, ausserdeem Kellereien an Händler, déi sech 1928 zesummegeschloss hunn an zënter den 1920er Jore Schampeszorte produzéieren.

Wann Der Loscht kritt hutt, d’Wäiland Lëtzebuerg (nei) ze entdecken, da kuckt dach mol an eis kleng Auswiel un “Wäin”-Good ideas: Nëtzlech Infoe ronderëm de Lëtzbuerger Wäi fannt Der iwwregens och op www.vins-cremants.lu!

 

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché