18 Jan 2015

Lëtzebuerger Bio-Wäiner am Trend

vun Good Idea | Kommentéieren

Wäin huet zu Lëtzebuerg eng laang Traditioun a wéinst senger gudder Qualitéit huet e vill zum gudde kulinareschen Image vum Land bäigedroen. Och Bio-Wäiner ginn zënter 1995 zu Lëtzebuerg ugebaut. Hutt Der schonn ee vun dëse grénge Wäiner probéiert?

Well d’Nofro no Bio-Wäiner klëmmt, geet och d’Zuel vun de Wënzer, déi Wäin op biologescher Basis ubauen, hei an d’Luucht, grad wéi d’Gréisst vun der Ubaufläch. Um Herrenberg zu Waasserbëlleg zum Beispill ass zurzäit das gréisst Ubaugebitt fir biologesch Wäiner am Grand-Duché.

Dat ass innovative Wäibau op historeschem Buedem, well Mönche vun Tréier hu scho viru méi wéi 800 Joer Wäin do produzéiert – mat Sécherheet och ouni chemeschen Dünger oder Sprëtzmëttel. Sou gesinn ass d’Beplanzung vum Buedem mat eenheemesche Kraider a Blummen wuertwiertlech en “zeréck bei d’Wuerzelen”, well eng excellent Buedemqualitéit ass déi bescht Viraussetzung fir en excellente Wäin.

Wéi wier et also bei der nächster Geleeënheet mat engem Lëtzebuerger Bio-Wäin? Bei deenen heite Betriber kënnt Dir der fannen:

 

Loscht op en eegene Riefstack? Da kuckt Iech mol déi ausgefale Good Idea hei un.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché