20 Mar 2016

Ouschteren zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren

Ouschteren ass zu Lëtzebuerg, dat zum gréissten Deel kathoulesch ass, eent vun de wichtegste Fester am Joer. Nieft dem Ouschterhues an alle méigleche Variatiounen a ville faarwegen Eeër mécht Lëtzebuerg sech op Ouschteren nees en Numm, wat déi kulinaresch Highlights ubelaangt! Iwweregens ass Karfreideg keen offizielle Feierdag am Grand-Duché. D’Geschäfter sinn also op!

Vill Supermarchéen, Epicerien, Bäckereien a Chocolaterië bidden Iech e risege Choix u Gourmandisen: Lëtzebuerger Spezialitéiten, mee och vill däitsch a franséisch Produiten. Gutt Tuyaue fir Är kulinaresch Entdeckungstour fannt Dir an der Kategorie “Restauranten & Liewesmëttel“.

E ganz besonnescht kulturellt Evenement ass op Ouschterméindeg: An der Stad um Fëschmaart an zu Nouspelt (am Weste vum Land am Kanton Capellen) ass déi traditionell “Emaischen”, d’Fest vum Emmaus. Zéngdausende vu Leit lauschteren dann erëm op d'”Péckvillercher”, kleng Villercher aus Toun, déi et op deenen zwee Mäert an alle Faarwen a Formen ze kafe gëtt.

Kiermesstänn, Kënschtler mat hire Kreatiounen an natierlech eng grouss kulinaresch Offer maachen den Ouschterméindeg zu engem onvergiesslechen Erliefnes vun urlëtzebuergescher Traditioun!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • E.Morlet: 2014-03-05 16:43:36
    Pâques est pour bientôt :)
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché