03 Jul 2014

“Äiszappen” als summerlech Delikatess

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wie kennt se net, déi kleng rout Knollen, déi Réidercher heeschen – bausse rout, banne wäiss, meeschtens zimlech schaarf am Goût.

Bei engem Besuch um Lëtzebuerger Wochemaart wäert Der sécher feststellen, dass et nieft deene rouden nach aner interessant Zorte vun deene wéi et schéngt sou “normalen” Réidercher gëtt: rout-wäisser, wäisser, rosa-faarweger an déi sougenannten “Äiszappen” (op Franséisch: radis glaçon). Se ginn all zu Lëtzebuerg vu Mäerz bis Dezember ugebaut.Am Moment, well et dobausse schéi waarm ass an d’Deeg laang, wuessen d’Réidercher hei am Land och ouni Zär, déi se schützt.

De President vum “Lëtzebuerger Maarteverband”, den Niki Kirsch, gëtt 3 Tuyauen, wéi ee Réidercher am beschte verschafft.

Beim Aperitif:

  • wäschen, d’Blieder an d’Wuerzel ewechmaachen a réi zerwéieren.
  • Mat e bësse Salz schmaache se perfekt beim Béier.

 

An der Zalot:

  • hei einfach a kleng Tranchë schneiden an an d’Zalot maachen.

 

Als Geméisbäilag:

  • bei verschiddene Platen (besonnesch d'”Äiszappen” eegnen sech gutt dofir)
  • botzen, eventuell méi kleng schneiden, an enger Pan mat Botter ubroden an op klenger Flam goe loossen.
  • Schmaacht wéi Ribben, mee manner intensiv. Kann een och ganz gutt am Wok preparéieren.

 

Gudden Appetit!

Kommt dach mol op eisem Wochemaart laanscht! Do fannt Der nieft de Réidercher och nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Loosst ugebroden "Äiszappen" an der Pan goen .. eng këstlech Bäilag!
Réidercher ginn zu Lëtzebuerg vu Mäerz bis Dezember ugebaut - am Summer natierlech nëmme mat der natierlecher Wäermt vun dobaussen.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs a samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché