27 Jul 2015

An et richt no frësch geréischtertem Kaffi

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Beim „Knopes artisans torréfacteur“, oder kuerz „Knopes“ huet Kaffisproduktioun Traditioun. De François Knopes erzielt eis, dass scho säi Grousspapp 1936 mam Réischtere vu Kaffi ugefaang huet, deemools iwwregens nach zu Athus an der Belsch. Haut féieren d’Bridder François a Fabien dës Traditioun weider an hu sech am Gebai „Am Garage“ an der Escherstrooss an der Stad installéiert. Nach ee Geschäft fannt Dir an der Neipuertsstrooss am Zentrum.

Beim Knopes leie Produktioun, Verkaf an Degustatioun konzeptuell a raimlech ganz no beieneen. Probéiert mol hir Kaffisspezialitéiten z.B. aus Papua-Neuguinea, Burundi a Bolivien. Natierlech gëtt et och eng Hausmëschung, déi op eng besonnesch schounend Manéier geréischtert gëtt, fir all d’Aromen ze behalen.

Dir drénkt net nëmme gär Kaffi, mee interesséiert Iech och fir d’Réischteren, d’Preparatioun an d’Geschicht vum Kaffi? De Knopes organiséiert reegelméisseg Féierungen a Workshoppen – iwwregens och fir den Entretien vu Kaffismaschinnen.

Good Idea : Gudde Kaffi brauch keen Zocker… sonndes moies bitt de Knopes Degustatioune vu verschiddene Kaffiszorten un. Iwwerzeegt Iech selwer!
Keng Zäit, fir op der Plaz anzekafen? Dir kënnt d’Knopes –Spezialitéiten och op Knopes.com bestellen.
Vill Kaffisspezialitéite ginn op der Plaz geréischtert an och u vill Epicerien a Caféen am Land geliwwert.

Knopes artisans torréfacteur


70, route d‘Esch
L-1470 Luxembourg

 +352 26 97 67 86
 +352 26 97 63 62

 info@knopes.com
 
 Méindes bis freides vun 8.30 bis 18 Auer. Samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché