23 Jul 2015

“Bonomeria” : De perfekte Glacëgenoss

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

“Gran Ducale” heescht eng vun de Glacëspezialitéiten an der “Bonomeria”. Dat ass keen Zoufall, well den Andrea Bonomi kënnt aus Parma, enger Regioun, déi virun den Zäite vun der italienescher Republik och e Grand-Duché war. Lëtzebuerg ass et nach ëmmer, an hei verkeeft elo den Andrea gefruere Gourmandisen aus eegener Produktioun.

Am schéine Quartier Belair an der Stad geet d’Bonomeria ganz der italienescher Traditioun no an huet sech zu engem richtegen Treffpunkt am Quartier entwéckelt. Wann d’Wieder schéin ass, bleiwen déi grasgréng Still op der klenger Terrass net laang eidel. Op sou engen Deeg produzéiert den Andrea och d'”Gran Ducale”, eng hallefgefrueren (‘semi-freddo’) Spezialitéit aus Mascarpone, Crème Fraîche a karamelliséierte Mandelen. Probéiere sollt Dir och d’Zort “Concertino”, déi mat engem Bléck op d’Ingredienten un eng bekannte Glace aus den 80er Joren erënnert: eng Glace mat sauere Kiischten, Schockela a karamelliséierte Mandelen.

Natierlech kritt Dir an der Bonomeria vill Klassiker vun enger Gelateria, dorënner -wéi Dir wäert mierken – vill Sorbeten. Den Andrea ass en absolutte Fan vu Friichten a verschafft virun allem Friichte vun der Saison. Am Moment sinn dat Pijen, Meloun an Äerdbier. All d’Zorten eegne sech fir déi beléifte Milkshaken. Nieft deene renge Glacëspezialitéite kritt Dir an der Bonomeria och verschidden Desserten an hallefgefruerene Kuch – en Highlight fir de Sonndesmenü doheem. A wann Dir just emol op en Espresso laanscht wëllt kommen: Hei kritt Dir Kaffi vun der Mark Illy zerwéiert.

Good Idea : Den Andrea ass de Meeschter vun de Sorbeten! Frësch Friichten- super Goût!
D'Bonomeria verschafft Friichte vun der Saison, dofir och Lëtzebuerger Uebst. D'Äerdbier kënnt z.B. vu Steesel.

Bonomeria


4, rue Wurth-Paquet
L-2737 Luxembourg

 +352 26 45 98 05

 info@bonomeria.lu
 All Dag vun 12 bis 20 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Lele: 2015-08-07 11:53:24
    Yes! I confirm the ice cream of Bonomeria is top quality. It's amazing the fruit sorbets are changing depending on the grade of maturation and the variaty of the fruits.
    I am already addicted.
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché