26 Aug 2012

Boucherie Berg-Koenig

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D'”Boucherie Berg-Koenig” ass eng klassesch Metzlerei a gehéiert zu de lëtzebuergeschen Traditiounshaiser! D’Metzlerei gëtt et schonn zanter 1885. Ronn 40 Joer laang däerf si sech schonn “Fournisseur de la Cour” nennen.

Um groussherzoglechen Haff schwiert een op Qualitéitsproduiten aus dem Haus Berg-Koenig. Reegelméisseg liwwert d’Metzlerei fir verschidden Occasiounen un den Haff.

Am Betrib schaffe véier ausgebilte Metzler – ganz an der laanger Traditioun vum Haus. Ënner anerem fënnt een hei: Angus-Fleesch aus dem Naturschutzgebitt Manternacher Fiels.

Good Idea : Héich Qualitéit a lokal Origine  vun de Produiten grad ewéi eng 100 Joer al Traditioun sin d'Markenzeche vun dëser Metzlerei.

Boucherie Berg-Koenig


5, Grand-Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 22 43 65

 Méindes bis donneschdes vun 7.45 bis 12.30 a vun 13.45 bis 18 Auer. Freides vun 7.30 bis 12.30 a vun 13.45 bis 18 Auer. Samschdes vun 7 bis 15 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché