17 Sep 2012

Caves Bernard-Massard

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Zënter méi wéi 90 Joer produzéiert “Bernard-Massard” qualitativ héichwäerteg Crémanten zu Lëtzebuerg. De Familljebetrib ass ausserdeem mat deenen zwee Domainen, Clos de Rochers an Thill, déi uneneen grenzen, de gréisste Privatwënzer am Land.

Dass d’Produiten eng héichwäerteg Qualitéit hunn, dat beweist och den Titel “Fournisseur de la Cour”. Am Betrib ass ee ganz houfreg drop, zu dësem exklusive Krees ze gehéieren an esou och den héijen Exigenze vum groussherzoglechen Haff gerecht ze ginn. De Cuvée Ecusson an d’Wäiner vum Clos de Rochers a Château de Schengen ë.a. goufe vu Bernard-Massard schonn un den Haff geliwwert. Als “normalen” Client kann ee mat dëse Produiten och “kinneklech genéissen”.

Bei Bernard-Massard erwaart Iech e kompetente Service vun A bis Z, souwuel an der Vinothéik wéi och bei der Liwwerung.

Good Idea : Probéiert d'Produite vun der Gamme Thill a Château de Schengen, déi reegelméisseg mat Medaillen ausgezeechent ginn.

Caves Bernard-Massard


8, rue du Pont
L-6773 Grevenmacher

 +352 75 05 45-1
 +352 75 06 06

 info@bernard-massard.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché