24 Feb 2012

Chocolaterie Génaveh

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Chocolaterie Génaveh zaubert richteg Konschtwierker aus Schockela! Héich Qualitéit an aussergewéinlech Kreativitéit sinn d’Markenzeeche vun dëser lëtzebuergescher Mark. Si entwéckelen ëmmer nees nei Goûten, jee no Saison an no de Wënsch vum Client. All d’Produite gi mat traditionelle Methoden a mat de beschten Ingredienten hiergestallt.

Freet Iech op eng grouss Auswiel vu Knippercher an Trüffelen, all op der Hand dekoréiert. Ganz houfreg ass ee bei Génaveh och iwwert de Choix u Knippercher ouni Zocker grad wéi un Delikatessen ouni Lactose. Sou ka jiddereen an de Schockelasgenoss kommen! D’Chocolaterie Génaveh produzéiert a verkeeft zu Lëtzebuerg, exportéiert awer och an d’Ausland.

Chocolaterie Génaveh


52A, rue de Koerich
L-8437 Steinfort

 +352 27 62 16 17
 +352 27 62 16 18

 genaveh@genaveh.org
 
 Méindes bis Samschdes vu 8 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché