23 May 2016

Dee sauere Geméis-Exot: Rubarb

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bei eisem aktuelle Geméis vum Mount stellt sécher sech sou munch een d’Fro, ob et iwwerhaapt e Geméis ass. De fruuchteg-sauere Goût vum Rubarb erënnert éischter un en Uebst. Mee de Rubarb zielt effektiv zum Geméis, an zwar zum besonnesch gesonde Geméis: wéineg Kalorien, vill Vitamin C, Calcium , Eisen a Magnesium. Aktuell an nach bis den 23.6., dem Lëtzebuerger Nationalfeierdag, gëtt de Rubarb och zu Lëtzebuerg recoltéiert. Um Wochemaart kritt Dir e frësch gepléckt ze kafen!

Als Kand hat ee jo éischter gemëschte Gefiller, wat dës aussergewéinlech Geméiszort ubelaangt. Si war einfach oft ze sauer, mee et wousst een sech jo ze hëllefen: An der Boma hirem Gaart séier eng Staang gepléckt, gewäsch an an den Zocker gezappt, ier een dra gebass huet. Et geet awer och kulinaresch e bësse méi ausgefalen: Den Niki Kirsch vum Lëtzebuerger Maarteverband recommandéiert e gudde Rubarb-Äerdbiers-Kompott:

Wat dra kënnt:

  • Rubarb
  • Äerdbier
  • E bësse Flëssegkeet
  • Zocker
  • Jee no Goût och Vanill oder Hielennerbléiesirop

 

Wéi e gemaach gëtt:

  • De Rubarb an d’Äerdbier botzen. Beim Rubarb d’Blieder an d’Enner vun de Stiller ewechhuelen, bei méi décke Staangen och d’Haut ewechhuelen (einfach vum Enn hier ofzéien).
  • A Stécker schneiden. E bësse Waasser an en Dëppe maachen an de Rubarb do dran opkachen. Vun Zäit zu Zäit dra réieren.
  • D’Äerdbier méi spéit matkachen. Wat d’Kachzäit méi laang ass, wat et manner Stécker gëtt.
  • Mat Zocker ofschmaachen. Wann ee wëllt, kann een och nach Vanill oder Sirop derbäi ginn.
  • Ofkille loossen a mat Schlagsan, Vanillsglace a Petit-Beurren zerwéieren.

 

Gudden Appetit!

Kommt dach mol op de Wochemaart laanscht kucken! Do fannt Dir nieft dem Rubarb och nach vill aner “Maart-Good Ideas”!

Good Idea : Kombinéiert Rubarb an Äerdbier fir e leckere Kompott!
De Rubarb gëtt zu Lëtzebuerg zënter Mëtt Abrëll an traditionell nach bis den 23. Juni recoltéiert.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 nathalie.muller@clc.lu
 Mëttwochs bis samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché