10 Feb 2012

Delitraiteur

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Eng grouss Auswiel u fäerdege Platen an d’Méiglechkeet, se direkt op der Plaz ze genéissen, sinn nëmmen zwee interessant Virdeeler vum neie Liewensmëttelgeschäft “Delitraiteur”, dat zu Stroossen, net wäit vun der Stad ewech, seng Dieren opgemaach huet. Et ass dat éischt Geschäft vun dëser Belscher Chaîne am Grand-Duché.

Duerch Ëffnungszäiten , déi extrem gënschteg fir de Client sinn, an duerch lokal, saisonal an aussergewéinlech Produiten ass Delitraiteur déi innovativ Äntwert op aktuell Konsumtrender. Heimat kënnt ee virun allem de Besoine vu beruffstätege Leit entgéint. Kaaft an enger frëndlecher Atmosphär an, déi ë.a. vu stilvollen Holzmiwwelen, rouege Faarwen, stengene Biedem an agreabeler Hannergrondmusek geprägt ass.

Fir d’Orientéierung am Geschäft ze erliichteren, gläicht d’Uerdnung dem Opbau vun enger Menüskaart, vum Muereskaffi bis bei verschidde Bestanddeeler vun engem Menü.

Good Idea : Fäerdeg Plate fir doheem, Degustéieren op der Plaz a Liewensmëttel fir all Dag sinn déi dräi Haaptkategorien- siwen Deeg an der Woch fir Iech do!

Delitraiteur


179, route d'Arlon
8011 Strassen

 +352 26 31 07 58
 +352 26 31 07 59

 
 Méindes bis sonndes vun 7.30 bis 22.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché