14 Nov 2014

D’Kalbass mol eng Kéier net (nëmmen) fir ze fäerten

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Um Ufank vun der däischterer Joreszäit tauchen se iwwerall an den Haiser an an de Gäert op: D’Kürbiskäpp, déi grujeleg Grimasse schneiden, fir déi béis Geeschter ewechzehalen.

Wien um Wochemaart vun der Stad eng Zoppekalbass keeft, ka mat där selwer gebastelter Schreckgestalt net nëmmen déi perséinlech Hausgeeschter an d’Noperen erféieren, mee och nach gesond Molzechte mat wéineg Kalorien domat preparéieren. D’Vitaminnen an d’Ballaststoffer an de Kalbasse eliminéieren nämlech d’Gëftstoffer aus dem Kierper, gläichen de Bluttzockerspigel aus a schützen d’Zellen.

Als éischt Rezept recommandéiert den Niki Kirsch, President vum “Lëtzebuerger Maarteverband” mol eng einfach Zopp.

Fir 4 Persoune brauch een dofir net méi wéi e Pond Kalbass, eng déck rout Ënn a Botter.

A sou geet et:

  • D’Kalbass schielen, botzen, d’Kären eraushuelen an a Stécker schneiden
  • D’Ënn kleng schneiden an am Botter undënsten
  • D’Kalbass bei d’Ënn ginn a kuerz ubroden
  • Waasser dobäi ginn, bis d’Kalbass bedeckt ass
  • 10-15 Minutte schwaach kache loossen
  • Nom eegene Goût würzen (den Niki Kirsch hëlt nëmme Peffer a Salz)
  • D’Kalbassstécker an der Britt mat engem Mixer püréieren
  • D’Konsistenz vun der Zopp eventuell mat Waasser verdënnen, fäerdeg!

 

D’Equipe vu Good Idea wënscht gudden Appetit!

Good Idea : Kommt dach mol um Maart laanscht an huelt Iech nach méi Rezeptiddie vun den Experten op der Plaz.

Frëschmäert


Place Guillaume II
L-2090 Luxembourg

 +352 43 94 44 1

 Elisabeth.cruz@clc.lu
 
 Mëttwochs bis samschdes vun 7 bis 13.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché