04 Sep 2012

Domaine Alice Hartmann

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Domaine Alice Hartmann ass eent vun den traditiounsräichste Rieslingsdomainë vu Lëtzebuerg mat enger Rieffläch vun 3.5 Hektar. Den Domaine, deen als “Fournisseur de la Cour” registréiert ass, ass zu Wuermer, direkt un der Musel. Wuermer ass déi bedeitendst Rieslings-Gemeng un der Lëtzebuerger Musel.

Zënter ville Joerzéngten ass den Domaine Alice Hartmann Proprietaire vum gréissten Deel vun der wuel beschter a sécher bekanntster Lag vu Lëtzebuerg, nämlech dem “Koeppchen”. Dat ass de Südhang mat iwwer 55 Prozent Pente. D’Rieslings-Wéngerte vum Domaine Hartmann sinn tëschent 30 a 70 Joer al.

Eenzege Proprietaire ass den Domaine Alice Hartmann bei der Lag “Les Terrasses de la Koeppchen”. Et sinn déi eelste Riewe vum Domaine. Dës Riewe wuessen op ganz alen Terrassen, wou nëmme 40 Hektoliter pro Hektar am Joer erakommen.

Good Idea : All Freidegnomëtteg hutt Dir d'Geleeënheet, Wäiner a Crémant vum Domaine Alice Hartmann ze schmaachen.

Domaine Alice Hartmann


72-74, rue Principale
L-5480 Wormeldange

 +352 760 002
 +352 760 460

 domaine@alice-hartmann.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché