15 Oct 2012

Domaines Vinsmoselle

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Originne vun der Wënzergenossenschaft Domaines Vinsmoselle ginn zeréck an d’Joer 1921, wéi déi éischt vun de sechs Kellereie gegrënnt ginn ass. Haut zielt d’Genossenschaft 320 Memberen an 820 Hektar Wéngerten – dat sinn 80% vun den aktive Wënzer an zwee Drëttel vun der Lëtzebuerger Ubaufläch fir Wäin.

De Wënzer ass et eng Éier, de groussherzoglechen Haff mat hire Produiten ze beliwweren. “An engem klenge Land wéi eisem ass et wichteg ze weisen, wéi verbonnen ee mam Haff ass,” ënnersträicht de Generaldirekter vun de Vinsmoselle, de Georges Schaaf.

Eng kleng Anekdot: Bei enger Visite vum Grand-Duc Jean, déi hien zesumme mam norwegesche Kinnek Harald gemaach huet, war alles genau geplangt, mee déi zwee wichteg Gäscht hunn de Programm spontan geännert- eng Erausfuerderung fir d’Organisateuren. Schlussendlech ass d’Visite awer glécklech bei enger Degustatioun vu Vinsmoselle-Wäiner op en Enn gaangen.

Wie genéisse wëll wéi e Kinnek, deen huet zwou Méiglechkeeten dofir: D’Cuvée “Duc Henri” ass schonn zënter 1955 um Maart – si gouf deemools bei der Gebuert vum Groussherzog Henri kreéiert. Ganz nei ass d’Cuvée spéciale “Mariage princier 2012”, déi fir d’Prënzenhochzäit op de Maart koum.

Fir d’Domaines Vinsmoselle ass et selbstverständlech, op grouss Evenementer mat engem gudde Crémant ze prosten!

Good Idea : Probéiert de Crémant fir d'Prënzenhochzäit, d'Cuvée spéciale "Mariage Princier" 2012  vun den Domaines Vinsmoselle.

Domaines Vinsmoselle


37, rue des Caves
L-5471 Wellenstein

 +352 23 69 66 1

 info@vinsmoselle.lu
 
 All Dag vun 10 bis 21 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché