13 Feb 2012

Em de Séi a méi

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass, wéi wann Der duerch d’Regioun vum Nationalpark “Uewersauer” géift spadséiere goen: Entdeckt déi vill lokal Produiten “Vum Séi” am Buttek “Ëm de Séi a méi”. E läit an der idyllescher Uertschaft Esch-Sauer am Norde vum Land. De Qualitéitslabel “Produkt vum Séi” steet fir traditionell regional Produktioun, woubäi d’Qualitéit am Mëttelpunkt steet. Zu Esch-Sauer fannt Dir z.B. Produiten aus der Bäckerei an der Epicerie, Produite fir d’Kierperfleeg, Blummen an e Café (“Kaffi-Stuff”), wou Dir Iech no den Aktivitéiten an der Regioun erhuele kënnt. Ganz nei am Programm: den éischte Lëtzebuerger Parfum! En ass op Basis vun engem Eecheschuelenextrakt aus dem Éislek hiergestallt. Am Geschäft niewendru fannt Dir ausserdeem regional Handwierksproduiten an an der Rue de la Poste en ale Späicher mat permanentem Floumaart.

Good Idea : Lokal konsuméieren a vun der exzellenter Qualitéit vun de Produiten "Vum Séi" profitéieren!

Em de Séi a méi




 26 88 90 03
 26 88 94 64

 info@emdeseiamei.lu
 
 Ofhängeg vun der Saison. Consultéiert d'Internetsäit.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché